-  -  - 
Evénements en Grande Région
RECHERCHE AVANCEE
calendrier
calendrier




Projet cofnancé par le Fonds européen de développent régional dans le cadre du programme INTERREG IVA Grande Région.
L’Union européenne investit dans votre avenir.
LiteraturLabo V - Kulturfabrik

LiteraturLabo V

Vu Beruff Schrëftsteller?

07/03/2017
Plus d'information
Wat fir Méiglechkeete ginn et, souwuel fir Auteuren, wéi fir Éditeuren hei am Land, fir sech finanziell ofzesécheren an doduerch méi professionell ze schaffen? Fir Manuskripter besser ze preparéieren, fir engem Auteur e Lektorat z'offréieren. Wiem seng Roll ass et déi néideg Informatiounen ze bidden? Hëlleft déi nei Plattform vum Luxembourg Online Rights Desk fir eng besser Vermaartung vun der Lëtzebuerger Literatur am Ausland?
 
De LiteraturLabo vum radio 100,7 invitéiert Iech mat ze diskutéieren. Den Débat gëtt geleet vun de Literaturlaboranten Nathalie Bender, Valerija Berdi a Ian De Toffoli. Am Public diskutéiere mat: Schrëftsteller, Éditeuren an Acteuren aus dem Literaturbetrib.
 
Rendez-Vous de 7. Mäerz 2017 um 19:30 am Bistro Ratelach vun der Kulturfabrik. Jiddereen ass wëllkomm, fir Froen ze stellen a mat ze diskutéieren. Reservéiert Är gratis Plazen op events[at]100komma7.lu
 
Diffusioun um radio 100,7: Sonndes, den 12. Mäerz um 10:04 a 15:00.
Contacts pour cet événement
Téléphone (Contact): 00352 554493-1
E-mail (Contact): mail@kulturfabrik.lu
Internet: http://kulturfabrik.lu/fr/programmation/details/event/literaturlabo-v/
105