-  -  - 
Events in the Greater Region
ADVANCED SEARCH
calendrier
calendrier




Co-financed by the European Regional Development Fund in the framework of the programme Interreg IVA Grande Région.
The European Union invests in your future.
Kachboun

D'KACHBOUN

INDEPENDENT LITTLE LIES

19-01-2018
Summary
(Unfortunately this text does not exist in English.)

E lëschtegen Theaterowend iwwert d'Lëtzebuerger Iess- a Kachkultur 
More information
(Unfortunately this text does not exist in English.)

D'Kiermes ass am Duerf ! D'Schueberfouer huet ugefaang ! De Chrëschtmaart huet seng Dieren opgemaach ! Schnell dohin - et gi Luxringer ! D'Kachboun : e lëschtegen Theaterowend iwwert d'Lëtzebuerger Iess- a Kachkultur.

Während engem ganze Kalennerjoer setzen sech 3 Frae mat Innovatioun an Traditioun an der Lëtzebuerger Kach- an Iesskultur auserneen. Op dëser kulinarescher Odyssee, probéiere si hir Iessmanéiere komplett z'änneren, ginn op sëllech Duerffester, entkommen dobäi knapps enger "confusion de goût" a maache bei enger Kachshow mat. Donieft gëtt d'So vun der "Kachboun" erzielt, enger mysteriéiser Boun op déi ee séier muss Buedem geheie wann een se gesäit, well soss...

D'Kachboun ass am Mäerz 2017 mat groussem Succès am Ale Stadhaus zu Déifferdeng kreéiert ginn. No Independent Little Luxembourg ass et déi zweet Kollektivkreatioun déi vun der jonker Schauspillerin Frédérique Colling fir Independent Little Lies (ILL) realiséiert gouf. ILL ass en interdisziplinären Theaterkollektiv deen Theaterleit, Artisten, Pädagogen a Konschtintresséierter zesummebréngt. ILL Produktiounen a Kulturevents hunn zäitgenëssesch a sozial Themen, op véier verschiddene Sproochen. 1995 gegrënnt, ass ILL scho säit méi wéi 20 Joer e feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Kulturzeen a bitt jonken Artisten eng Plattform fir hir Projeten ze realiséieren.
 
105