-  -  - 
Events in the Greater Region
ADVANCED SEARCH
calendrier
calendrier




Co-financed by the European Regional Development Fund in the framework of the programme Interreg IVA Grande Région.
The European Union invests in your future.
Rumpelstilzchen

Rumpelstilzchen

Koproduktioun : Les Théâtres de la Ville de Luxembourg, Théâtre d'Esch, CAPE
Ian De Toffoli, Bridder Grimm

04-01-2018 - 05-01-2018
More information
(Unfortunately this text does not exist in English.)

Märercher rem nei opliewen ze loossen, a Lëtzebuerger Sprooch, dëst war, viru méi wéi 40 Joer, zu enger kuerzlieweger Traditioun ginn. Den Norbert Weber huet seng Stécker zwar „Soe“ genannt, et waren awer de Rumpelstilzchen (1961), d’Rabonzel (1962) an d’Schnéiwittchen (1964), déi ënnert dem Eugène Heinen senger Direktioun op d‘Bühn vum Groussen Theater bruecht gi sinn.

Am Zesummespill vun engem Auteur an engem Metteur en scène, an dësem Fall dem Ian De Toffoli an dem Myriam Muller, gëtt dës Traditioun elo erëm opgeholl an d’Fro vum Neischreiwe vun enger uraler Geschicht fir den haitegen Theater gëtt nach emol nei gestallt. Well näischt ass manner festgefruer ewéi e
Mäerchen oder e Mythos.

De Rumpelstilzchen ass zwar eent vun de bekannteste Märercher aus der Sammlung vun de Bridder Grimm, et ass awer och eent vun deene méi kuerzen, an deem Sënn datt, anescht wéi bei de grousse Geschichten, d’Figuren zwar
eng schnell faassbar archetypesch Funktioun hunn, mee relativ wéineg psychologesch Déift. De Kinnek ass giereg, d’Duechter en Opfer, de Rumpelstilzchen, déi iwwernatierlech Hëllef, déi als Echange fir en Déngscht der frësch gekréinter Kinnigin hiert eegent Blutt freet.
 
Oder ass dës Geschicht och emol anescht ze verstoen ?

An dëser Neischreiwung vun engem bekannte Märchen geet et also och ëm e Verstoen, ëm e Verdéiwe vu Motiver, déi mysteriéiser net kéinte sinn. Et geet drëms Erzielmuster ervirzehiewen – wat maache Muecht, Gier, Angscht, eleng sinn, mat engem ?

Regie :
Myriam Muller
Bühn :
Anouk Schiltz
Filmopnamen :
Christophe Wagner
Video :
Benoît Simon
Kostümer :
Caroline Koener
Musék :
Bernard Valléry
Luucht :
Philippe Lacombe
Regieassistenz :
Daliah Kentges

Mat :
Larisa Faber, Fabio Godinho,
Elisabet Johannesdottir,
Marco Lorenzini, Jean-Paul Maes,
Raoul Schlechter, Pitt Simon,
Brigitte Urhausen
venue
Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette
122 rue de l\'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg

entry fee(s)
5€ (jeune CAT2)
10€ (adulte CAT2)
6€ (jeune CAT1)
12€ (adulte CAT1)
Tickets
More Events
01-07-2018
Momo


29-06-2018
Alex Lutz : Nouveau spectacle


28-06-2018
Wir Kinder vom Bahnhof-Zoo


20-06-2018 - 21-06-2018
Operetten Revue


01-06-2018
Réversible - Flamenco Festival Esch


29-05-2018 - 30-05-2018
La dispute


18-05-2018
Gaspard Proust : Nouveau spectacle


15-05-2018
Tod


12-05-2018
Mi Frida


08-05-2018
Success Story


105