-  -  - 
Events in the Greater Region
ADVANCED SEARCH
calendrier
calendrier




Co-financed by the European Regional Development Fund in the framework of the programme Interreg IVA Grande Région.
The European Union invests in your future.
Oh du do uewen, deem seng Hand

Oh du do uewen, deem seng Hand

Koproduktioun : Theater Esch, Kasemattentheater, Kinneksbond, CNL
Véier Eenakter vum Ian De Toffoli, Olivier Garofalo, Nico Helminger, Jeff Schinker

31-01-2018 - 01-02-2018
More information
(Unfortunately this text does not exist in English.)

Oh du do uewen, deem seng Hand ass eng Zesummesetzung vu véier ganz ënnerschiddlechen Eenakter. Fir der Sprooch, der Stëmmung an der literarescher Form vun all Text gerecht ze ginn, sinn déi véier Stécker ob ganz verschidden Aart a Weisen inszenéiert. D’Schauspiller wiessele vun enger Roll an déi
aner a bidden eis duerch hiren dynameschen Ëmgang mat den Texter vill Iwwerraschungen.

Fir déi al Griiche war d’Erziele vun Heldegeschichten eng Aart a Weis fräi an dichteresch ob der Welt ze liewen. Dës Geschichte léieren de Mënsch, seng Stäerkten a Schwächten wouer ze huelen, a virun allem seng Limitten, déi hie vun de Gëtter ënnerscheeden. Duerch d’Erliewe vum Mythe gëtt de Mënsch eréischt Mënsch. D’Biller aus der griichescher Mythologie ginn zu Recht als Grondlag vun der europa?escher Kulturgeschicht ugesinn. Besonnesch spannend schéngt déi bleiwend Aktualitéit vun deenen ale Mythen, déi duerch e Prozess vu joerhonnertelaanger Transformatioun, eis haut gläichzäiteg friem a vertraut schéngen.

Véier Lëtzebuerger Schrëftsteller transposéieren, speziell fir dëse Projet, véier algriichesch Mythen an d’Lëtzebuerger Sprooch an erlaben eis
dës Erzielungen nei ze erliewen. Duerch dat villsäitegt Spill vun deene véier Schauspiller gëtt kloer, dass d’Mythen näischt vun hirer Faszinatioun a Relevanz agebéisst hunn : am Géigendeel !

Ödipus, Kinnek ? (Olivier Garofalo)
Medea (Ian De Toffoli)
Phedra Aricia (Nico Helminger)
Theseus (Jeff Schinker)

Regie :
Thierry Mousset
Dramaturgie :
Claire Wagener
Bühn & Kostüm :
Peggy Wurth
Beliichtung :
Pavla Beranova
Video Design :
Luboš Zbranek
Technesch Leedung :
Pascal Klein

Mat :
Eugénie Anselin, Nora Koenig,
Raoul Schlechter, Pitt Simon
venue
Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette
122 rue de l\'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg

entry fee(s)
17€ (adulte CAT1)
9€ (jeune CAT1)
14€ (adulte CAT2)
8€ (jeune CAT2)
Tickets
More Events
01-07-2018
Momo


29-06-2018
Alex Lutz : Nouveau spectacle


28-06-2018
Wir Kinder vom Bahnhof-Zoo


20-06-2018 - 21-06-2018
Operetten Revue


01-06-2018
Réversible - Flamenco Festival Esch


29-05-2018 - 30-05-2018
La dispute


18-05-2018
Gaspard Proust : Nouveau spectacle


15-05-2018
Tod


12-05-2018
Mi Frida


08-05-2018
Success Story


105