-  -  - 
Veranstaltungen in der GroĂźregion
ERWEITERE SUCHE
calendrier
calendrier




Gefördert durch den Europäischen Fonds für regionale Entwicklung im Rahmen des Programms INTERREG IVA Großregion.
Die Europäische Union investiert in Ihre Zukunft.
ABC

Luxembourg Museum Days

Eng Zäitrees fir Kleng a Grouss

18.05.2019 - 19.05.2019
Mehr Information
(Leider existiert dieser Text nicht in deutsch.)

Am Kader vun de Luxembourg Museum Days (18. - 19. Mee

2019)
bidden déi Dikricher Muséeën, zesumme mam Ettelbrécker

Musée General Patton, sonndes den 19. Mee vill flott Aktivitéiten

un. Kommt bei eis a maacht eng spannend Zäitrees duerch

d'Geschicht an ons Iessgewunnechten.



Et gëtt e grousse Kannerrallye, deen all d'Muséeë matenee

verbënnt. An all Musée verstoppt sech een Objet, deen ee

brauch, fir deem grousse Schatz op d'Spur ze kommen.



Fir d'Navette tëschent Ettelbréck an Dikrich ass och gesuergt:

Déi éischt Navette fiert ëm 11h00 zu Ettelbréck beim Musée

General Patton fort. Bis 17h30 verbënnt si Dikrich an Ettel-

bréck am 20-Minutten-Takt. Ëm 17h30 fiert déi lescht

Navette vun der Kluuster zu Dikrich fort.



Bei all Musée fannt dir en Iessstand, deen iech op ärem

Entdeckungstour stäerkt.



Dee ganze Weekend sinn d'Muséeë gratis a wéi ëmmer vun 10h00 bis

18h00 op.
Kontakte zu dieser Veranstaltung
Telefon (Kontakt): 81 03 22
E-mail (Kontakt): patton@patton.lu
Veranstaltungsort
General Patton Memorial Museum
5, rue Dr Klein
L-9054 ETTELBRUCK
Luxembourg

Eintrittspreis(e)
Eintritt Frei (Pro Unitéit)
105