DËPPCHEN, DËPPCHEN
MUSIQUE, CONTE & OBJETS
MUSIK, MÄRCHEN & FIGUREN
07.05.2019
Termin(e) und Uhrzeit(en):
14:30
Termin(e):
Dienstag, 07.05.2019
Zusammenfassung
THEATER TRAVERSE // 3-5 JAHRE
Mehr Information
MUSIKALESCHT MÄERCHEN AUS DER TIERKEIBetsy Dentzer, Konzept, Erzielung, Requisiten. Misch Feinen, Musek. Milla Trausch, Bléck vu baussen.
"Et wor eemol, an der Tierkei, e jongt Meedchen. Hat huet mat sénger Mamm an enger aarmséileger klenger Hütt gelieft. Enges Dages huet d'Meedchen um Maart e klengt Dëppche kaf. Et huet geliicht... an alle Faarwe vum Reebou. An et war e ganz ganz besonnegt Dëppen..." Op der Bühn: eng Erzielerin, e Museker, allerlee Instrumenter an... eng ganz Rëtsch Dëppercher vun all Zort. No an no ginn dës Dëppercher op an hëllefen d'Geschicht aus der Tierkei z'erzielen. Am zweeten Deel vum Spektakel kréien déi kleng Zuschauer d'Méiglechkeet, selwer aktiv ze ginn: si gi selwer zu ErzielerInnen a kënnen en Deel vun der Geschicht matgestalten! Déi jonk lëtzebuergesch Kompanie Theater Traverse bréngt mam Betsy Dentzer en traditionellt tierkescht Volleksmäerche matt Wieder, Musek an Objeten op d'Bühn.
Eng Produktioun vum Theater Traverse.
Präis vum Kannerjury um Marionettefestival 2016 vun de Rotondes zu Toodler.
Â
Verbundene Organisationen