-  -  - 
Events in the Greater Region
ADVANCED SEARCH
calendrier
calendrier




Co-financed by the European Regional Development Fund in the framework of the programme Interreg IVA Grande Région.
The European Union invests in your future.
Frederick (c) Marla M.

Frederick

La Compagnie du Grand Boube (LU)
Kreatioun Juni 2019

15-06-2019 - 20-06-2019
More information
(Unfortunately this text does not exist in English.)

Alter:
3 – 6

Dauer: 35’–40’
op Lëtzebuergesch


Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais mussen Provisiounen fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Aplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. Di aner Mais froen hien „Ma wat méchs du do, aplaz eis ze hëllefen?“, mee seng Äntweren bleiwen rätselhaft.
Hien sammelt schéi Faarwen, Sonn a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter; hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zauberen kann… hien ass e richtegen Artist!
D’Compagnie du Grand Boube huet dem Leo Lionni seng Billergeschicht „Frederick“ fräi als Musektheater adaptéiert.
Eng Schauspillerin erzielt d’Geschicht mat Objeten a mat Schietprojektiounen. E Pianist an eng Violonistin begleeden si dobäi an interpretéieren déi 27. Sonat vum Mozart.

fräi nom Leo Lionni sengem Billerbuch
an dem Mozart senger 27. Sonat fir Gei a Piano, Sol majeur, K379
KONZEPT AN INZENÉIERUNG: Francis Schmit
SPILL: Franz Leander Klee (Piano), Ann Majerus (Gei),
Renelde Pierlot (Erzielung, Schauspill)
MUSIKALESCH ADAPTATIOUN AN DIREKTIOUN: Franz Leander Klee
BÜHNEBILD A LUUCHT: Romain Stammet
KOSTÜMER: Peggy Wurth
SPEZIALEFFEKTER (SCHNÉI): Céline & Rüdiger Leuchter
BERODUNG: Agnès Limbos (Objeten), Mani Muller (Dramaturgie)
PRODUKTIOUN: La Compagnie du Grand Boube
KOPRODUKTIOUN: CAPE-Centre des Arts Pluriels
Ettelbruck, Kulturhaus Niederanven, Théâtre d’Esch
ËNNERSTËTZUNG: en cours
ILLUSTRATIOUN: Marla M.
Contact information for this event
Phone: 0035227545020
Phone: 0035227545010
E-mail: reservation@theatre.villeesch.lu
105