-  -  - 
Evénements en Grande Région
RECHERCHE AVANCEE
calendrier
calendrier




Projet cofnancé par le Fonds européen de développent régional dans le cadre du programme INTERREG IVA Grande Région.
L’Union européenne investit dans votre avenir.
SMF%2011

superMAMAfitness: BauchBeutelPo

Mam Julie Wagner vu superMAMAfitness

25/04/2019 - 18/07/2019
Plus d'information
(Malheureusement ce texte n'existe pas en français.)

Am BauchBeutelPo trainéiere mir souwuel d'Ausdauer, wéi och d'Kraaft, d'Koordinatioun an d'Gläichgewiicht.

Wärend dem Cours verbréngt de Puppelchen ee groussen Deel an der Drohëllef a genéisst soumat den enke Kierperkontakt zur Mamm.

Vill Butze schlofen duerch d'Beweegunge schonn no puer Minutten an. Kanner, déi scho méi grouss sinn oder net gär gedroe ginn, kënnen sech op enger grousser Spillmatt austoben.

Dir braucht kee Babysitter, also maacht mat a gitt fit fir den Alldag mam Kand!

 

Umeldung: smf.luxemburg@yahoo.com





Nodeems d'Julie Wagner sech ëmmer méi mam Thema Sport an Ernährung befaasst hunn, war schnell fir si kloer dass si hier Passioun mat anere Leit deelen, an hinnen dës wichteg Theme méi no brénge wëll. Dofir huet si verschidden Ausbildungen absolvéiert wéi z.B. Pilatestrainerin, Réckeschoultrainerin, Ernährungsberaterin, etc.

Si huet sech dobäi op Frae spezialiséiert an ass iwwer dee Wee zu superMAMAfitness komm.

Als prä- a postnatal Fitnesstrainerin bitt si mat hire Course vu superMAMAfitness de Mammien, zesumme mat hirem Nowuess Sport ze maachen a fit ze ginn.

 
Contacts pour cet événement
E-mail (Contact): smf.luxemburg@yahoo.com
105