-  -  - 
Evénements en Grande Région
RECHERCHE AVANCEE
calendrier
calendrier




Projet cofnancé par le Fonds européen de développent régional dans le cadre du programme INTERREG IVA Grande Région.
L’Union européenne investit dans votre avenir.

Weibereien


09/11/2019
Plus d'information
(Malheureusement ce texte n'existe pas en français.)

Betsy Dentzer & Toneclash



No deene ville Joren, wou d'Betsy Denzer Erzielsonndeger fir e jonkt Publikum zum Beschte ginn huet, kënnt si dëst Joer, zesumme mam Nadine Kauffmann a mam Nancy Schlammes an de Kapuzinertheater fir Geschichten fir die Grouss ze erzielen. Et si Volleksmärecher, fräi adaptéiert, Geschichten aus de Gebridder Grimm hirer Sammlung, oder anerer vun nach méi wäit.

Et geet ëm d'Weiber. Staarker oder schwaacher; där, déi mat zwee Féiss um Buedem stinn oder awer där, déi op Wolleken danzen; där Gewëtzter oder där mat engem Briet virum Kapp, där diskreter oder där mat engem grousse Mondwierk; där, déi jiddwereen ëm de Fanger wéckelen an nach där, déi nees opstinn, wann se mol op d'Nues gefall sinn.

D'Betsy Dentzer, d'Nadine Kauffmann an d'Nancy Schlammes hu sech sproochlech a musikalesch mat deene Weiber ronderëm geschloen, sinn an hier Welte gedaucht an hu se fir Nolauschterer erausgefiizt.

"Do ass eng Kächen, Gréitchen ass säin Numm. Hat huet Schong mat rouden Talleken, a wann et domadder eraus geet, dann dréint et sech hin an hier, fillt sech ganz lëschteg an denkt: 'Wat bass du ee schéint Meedchen!' A wann et heem kënnt, dann drénkt et aus Lëschtegkeet ee Schotz Wäin, a well de Wäin och Loscht op Iesse mécht, da probéiert et dat Bescht wat et gekacht huet, a seet: 'Eng Käche muss wëssen, wéi d'Iesse schmaacht!'" (D'Gréitchen, Bridder Grimm)

"Am Oman do war viru laanger Zäit eng Stad, an där gouf Waasser fir Gold verkaf. All Buer, Quell a Baach am ganze Land war verdréchent, an et huet net gereent, well de Kinnek war en Tyrann. Do hunn d'Bewunner vun der Stad en Zauberer ëm Hëllef gefrot: hie sollt hinne Waasser verschafen. Den Zauberer huet sech gutt bezuele gelooss an huet e Weier an eng Quell erbäigezaubert. Dozou sot en allerdéngs: 'Sollt jeemols eng Fra an dëse Weier schwamme goen, sou wäert en ausdréchnen an d'Quell wäert ophalen ze spruddelen.' Dono huet e seng Sue geholl an ass verschwonnen. Do hunn d'Stadbewunner e Wiechter agestallt, dee sollt oppassen, dass keng Fra a kee Meedche géing an de Weier schwamme goen. De Wiechter awer war e jonke Borscht vun 20 Joer, oniwwerluecht a sturazeg ..." (De geheime Weier, eng Erzielung aus dem Oman)




Erzielung, Textrecherche a -veraarbechtung Betsy Dentzer Musek (Kompositioun a Spill) Toneclash:
Nadine Kauffmann (Saxofon) & Nancy Schlammes (Perkussioun) Produktioun D'Chancegläicheetsservicer vun Diddeleng a vu Betebuerg
Diffusioun Betsy Dentzer
 
  Samedi 9 NOVEMBRE 2019 à 20h00 (tickets)
DURÉE  environ 1h10 (pas d'entracte)
Adultes 20 €, 15 €, 8 € / Jeunes 8 € / Kulturpass bienvenu Lieu: Théâtre des Capucins
 

Contacts pour cet événement
105