-  -  - 
Evénements en Grande Région
RECHERCHE AVANCEE
calendrier
calendrier




Projet cofnancé par le Fonds européen de développent régional dans le cadre du programme INTERREG IVA Grande Région.
L’Union européenne investit dans votre avenir.
© Tete Queiroga 27_Web

3 SCHWËSTEREN

ANTON CHEKHOV / IAN DE TOFFOLI & DALIAH KENTGES

27/11/2019
Résumé
De grousse Klassiker vum Anton Chekhov an enger fräier Beaarbechtung vum Ian De Toffoli 
Plus d'information
De grousse Klassiker vum Anton Chekhov an enger fräier Beaarbechtung op Lëtzebuergesch vum Ian De Toffoli.

Dem Anton Chekhov säi Stéck Dräi Schwësteren zielt d'Geschicht vun de Geschwëster Prosorow - dem Olga, Irina a Mascha - déi vun engem bessere Liewen dreemen, mee et net fäerdeg bréngen, sech selwer aus hirer Onloscht a Liewensmiddegkeet erauszerappen. Well obwuel déi dräi Schwëstere gebild sinn an aus enger gudder Famill kommen, där et un näischt feelt, komme si net aus engem festgefruere "Waarden op eppes Besseres" eraus. Si si passiv Figuren, déi midd hiren eegenen Ënnergang materliewen. Deen Zoustand - sou ass d'Stéck oft interpretéiert ginn - steet paradigmatesch fir den Zoustand vun der russescher Bourgeoisie ëm 1900, kuerz virun der Revolutioun: eng Gesellschaftsschicht ouni Ziler an Ambitiounen, déi trotz materieller Sécherheet, onfäeg ass, der Societéit an éierens enger Form nei Impulser ze ginn. 

D'Adaptatioun vum Ian De Toffoli, a Lëtzebuerger Sprooch, projezéiert dës Thematik op eng haiteg Generatioun vu lethargeschen an onerfëllte Millenials, déi, duerch hire Wonsch no Selbstverwierklechung - d'Ëmzéien an d'Groussstad, d'grouss Léift, déi befriddegend Aarbecht, de politeschen Engagement - paralyséiert sinn. Et ass de Portrait vun dräi jonke Fraen aus enger westeuropäescher héijer Mëttelschicht, déi, well se alles hunn, net wësse wat se mat sech ufänke sollen, an deene lues a lues kloer gëtt, datt, an der aktueller Gesellschaftskris, hiren onbeschwéierte Liewensstil op en Enn kënnt. 
lieu d'événement
Kinneksbond, Centre Culturel Mamer
42 ROUTE D'ARLON
L-8210 MAMER
Luxembourg

prix d'entrée
20€ (Tarif plein :)
8€ (Tarif réduit :)
1.5€ (Kulturpass :)
Tickets
Autres Manifestations
11/07/2020
LIVING-ROOM DANCERS


10/07/2020
LIVING-ROOM DANCERS


08/07/2020
CRUSH?!


04/07/2020
LUXEMBOURG PHILHARMONIA


10/06/2020
CHAILD


29/05/2020
HUMANS


08/05/2020 - 16/05/2020
ScHmIT HAPPENS 2020


30/04/2020
LES MISÉRABLES


30/04/2020
LES MISÉRABLES


29/04/2020
LES MISÉRABLES


105