-  -  - 
Evénements en Grande Région
RECHERCHE AVANCEE
calendrier
calendrier




Projet cofnancé par le Fonds européen de développent régional dans le cadre du programme INTERREG IVA Grande Région.
L’Union européenne investit dans votre avenir.
wou ginn Elteren nuets hin

Wou ginn Elteren nuets hin?

Produktioun: Openscreen asbl Coproductioun: Centre Culturel Régional Dudelange OPDERSCHMELZ, CNA - Centre national de l'audiovisuel Dudelange
Lauschterstéck vum Claudine Muno

16/03/2019 - 17/03/2019
Plus d'information
(Malheureusement ce texte n'existe pas en français.)

Mir huelen Iech mat op eng KlangRees duerch déi eng Nuecht, jo, genau déi, wou d'Elteren fort ginn.

Sidd ganz Ouer, lauschtert d’Geschicht, verfollegt di sensibel Audio-Inzenéierung déi Live virun Iech entsteet. Kommt mat op eng skurril fantastesch Rees duerch e gelunge kënnegen Universum mat frieme Bekannten an onbekannte Frënn.

Kappkino geet duerch d‘Ouer an d‘Gehiir.

Den Nolauschterer mécht et sech an sengem Setz bequem an ass fir déi nächst 75 Minutten säin eegenen Billermecher an Acteur, an enger fantastescher Geschicht déi duerch d‘Nuecht feiert.

Et ass alles Live, all Toun, all Wuert gëtt live op der Bühn gespillt.

Et geet em en Kand, deem seng Elteren owes einfach fort ginn, ouni eppes ze soen. Hat geet op Sich no hinnen an begéint interessant Personnagen déi him den Wee duerch d‘Nuecht weisen.

Et ass eng Geschicht vun Transitioun, vum Groussginn.

Eng Geschicht vun Konfrontatioun mat Ängschten an vum Meeschteren vun schwieregen Situatiounen.

Jiddereen fënnt sech an der Geschicht erëm.

Spectacle scène sur scène

Fir Nolauschterer ab 13 Joer
Dauer: 1h15, keng Paus


Regie:
Dan Tanson
Erzielung:
Betsy Dentzer
Musék:
Nataša Grujovi? (Accordéon),
Michel Feinen (Percussion & objets)
Produktiounidee:
Tanja Frank

Avec :
le support de l'OEuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte, subsidié par le Ministère de la Culture et le Centre Culturel de Rencontre
Abbaye de Neumünster.
lieu d'événement
Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette
122 rue de l\'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg

prix d'entrée
8€ (jeune CAT2)
9€ (jeune CAT1)
14€ (adulte CAT2)
17€ (adulte CAT1)
Tickets
105