-  -  - 
Evénements en Grande Région
RECHERCHE AVANCEE
calendrier
calendrier




Projet cofnancé par le Fonds européen de développent régional dans le cadre du programme INTERREG IVA Grande Région.
L’Union européenne investit dans votre avenir.
DBM72_10x15.300©Boshua
DBM0044_10x15.300©BoshuaDBM0138_10x15.300©BoshuaDBM0321_10x15.300©BoshuaDBM0386_10x15.300©BoshuaDBM0473_10x15.300©Boshua

Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen

Geschichten vum Guy Rewenig

16/12/2018
Plus d'information
(Malheureusement ce texte n'existe pas en français.)

D'Félicie an den Heng, eng eeler Koppel vum Lampertsbierg, fueren an e Schwäizer Kurhotel. Wat si do maachen a firwat et si an d'Schwäiz verschléit, ass laang Zäit net kloer. Si behuele sech ewéi zwee Gedriwwener, déi et doheem net aushalen an dobaussen an der Friemt net glécklech ginn. Jiddefalls gerode si an der Schwäiz op eng Zort Geeschterbunn: Alles, wat si erliewen, gëtt ëmmer méi koppeg a bosseg. D'Gläichgewiicht tëscht dem Félicie an dem Heng ass empfindlech gestéiert, a wa si op eemol am Kurhotel aner Lëtzebuerger begéinen, déi hinne komplett géint de Stréch ginn, eskaléiert déi ganz Situatioun. Mee wat stécht hannert där kuriéiser Schwäizer Eskapad? Den déiwe Grond kënnt nëmme stéckweis eraus, iwwert Undeitungen a Gefillsausbréch, an et däerf een unhuelen, datt déi richteg, schrecklech Geeschterbunn doheem um Lampertsbierg steet.

De Guy Rewenig huet säi Stéck ugeluecht als Geschicht iwwert d'Léift vun zwee Leit, déi net méi vill mateneen ufänke kënnen an awer op eng batter Manéier vuneneen ofhängeg sinn. Si péngege sech, maache sech Virwërf, streide vu mueres bis owes, fir dann nees momentweis friddlech a verstänneg mateneen ëmzegoen.

Inszenéirung Charles Muller Mam Jean-Paul Maes, Nilton Martins, Christiane Rausch, Pitt Simon, Brigitte Urhausen Bühn & Kostümer Anouk Schiltz Regieassistenz Daliah Kentges Choreographie Annick Schadeck Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
Contacts pour cet événement
Téléphone (Contact): 0035226 32 43 1
E-mail (Contact): info@kulturhaus.lu
Internet: www.kulturhaus.lu
lieu d'événement
Mierscher Kulturhaus
53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE
L-7520 MERSCH
Luxembourg

prix d'entrée
20€ (Ticket)
1.5€ (Kulturpass)
10€ (Reduzéiert)
Tickets
105