-  -  - 
Events in the Greater Region
ADVANCED SEARCH
calendrier
calendrier




Co-financed by the European Regional Development Fund in the framework of the programme Interreg IVA Grande Région.
The European Union invests in your future.
D'Maus Kaetti

D'Maus Kätti

Toile Si-Re nom Wierk vum Auguste Liesch
Musikalesche Figurentheater

24-01-2019 - 17-05-2019
More information
(Unfortunately this text does not exist in English.)

D'Maus Kätti sëtzt bei hirem Lach
zu Biermereng am Feld;
"Wéi schéin, denkt se, ass d'Liewen dach,
wéi gutt ass 't op der Welt."


Wien kennt se net, des Ufankszeilen aus dem Auguste Liesch senger beléifter Maus Kätti, der Kusinn Mim aus Clausen an dem léiwe Metti? Dëst éischt Wierk vum Auteur gëtt 1936 verëffentlecht an entwéckelt sech schnell zu engem echte lëtzebuerger Klassiker fir Grouss a Kleng. Mat vill Fangerspëtzegefill geléngt et dem Auguste Liesch déi berühmte Fabel vum Aesop vun der Land- an der Stadmaus an ee lëtzebuerger Kontext ze setzen.

An enger Welt, wou mir eigentlech "Alles" kënnen hunn, wou vill ënnerschiddlech Liewensstiler méiglech sinn, wou déi individuell Fräiheet a Selbstverwierklechung eng grouss Wichtegkeet huet, wou mir de Choix hunn - l'embarras du choix - ass d'Thematik vun dëser Geschicht brandaktuell. Wat passt dann elo bei mech, wat gehéiert zu mir, wat mécht mech a mengem Ënnersten wierklech frou - a net mäi Noper oder meng Frënn, meng Famill oder mäi Partner - wat mécht MECH frou?

Alter +6 Joer (Cycle 2.1. - 4.2.) Sprooch Lëtzebuergesch Dauer 40 Min.
Contact information for this event
Phone: 0035226 32 43 1
venue
Mierscher Kulturhaus
53 RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE
L-7520 MERSCH
Luxembourg

entry fee(s)
13€ (Ticket)
6.5€ (Reduzéiert)
1.5€ (Kulturpass)
Tickets
105