-  -  - 
Events in the Greater Region
ADVANCED SEARCH
calendrier
calendrier




Co-financed by the European Regional Development Fund in the framework of the programme Interreg IVA Grande Région.
The European Union invests in your future.
2019-10-20_Glühschwéngchen_ILL_Copyright_Carlo Schmitz

D'Glühschwéngchen

Independant Little Lies-Ill

20-10-2019
More information
(Unfortunately this text does not exist in English.)

D'Glühschwéngchen hat ze laang ënnert der waarmer rouder Luucht geleeën a well et elo ganz gliddeg ass, wëll kee mat him spillen. Wéi hatt héiert, datt et bei de Pinguinen ëmmer kal ass, wëllt et bei déi goen. Ënnerwee begéint et ee Mann, deen zwar ausgesäit wéi e Pinguin an him Hëllef versprécht, mä do erlieft hatt awer säi gréngt Wonner!
D'Glühschwéngchen ass eng lëtzebuergesch Kannergeschicht vum Nora Wagener a Luc Caregari, illustréiert vum Carlo Schmitz (Op der Lay, 2016).
 
D'Regisseurin Linda Bonvini an d'Schauspillerin Rosalie Maes hunn dës Geschicht fir d'Bühn adaptéiert a sech fir e multidisziplinäert Konzept entscheet: Op der Bühn vermësche sech Schauspill, Projektiounen an d'Kläng vu verschiddene Saxophonen.
D'Glühschwéngchen ass dat éischt Stéck vun Independent Little Lies fir e jonke Public ab 6 Joer. ILL ass en interdisziplinären Theaterkollektiv deen 1995 gegrënnt gouf, sech mat zäitgenësseschen a sozialen Themen ausenanersetzt a jonken Artisten eng Plattform gëtt fir hir Projeten ze realiséieren. www.ill.lu
 
Text: Nora Wagener a Luc Caregari
Adaptatioun: Linda Bonvini a Rosalie Maes
Zeechnungen: Carlo Schmitz
Regie: Linda Bonvini
Kënschtleresch Mataarbecht: Jacques Schiltz
Bühn a Kostüm: Lucie Majerus
Musek: Jessica Quintus
Luucht: Dominik Dusek
 
Mam Rosalie Maes
 
Eng Produktioun vun Independent Little Lies a Koproduktioun mam Kulturhaus Niederanven, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Escher Theater. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vum Fonds Culturel National.
Contact information for this event
Phone: 00352 26 72 39 500
E-mail: caisse@trifolion.lu
venue
TRIFOLION Echternach
2 Porte St. Willlibrord
L-6486 ECHTERNACH
Luxembourg

entry fee(s)
12€ (Einheitspreis)
Tickets
105